Nationale Kanner- a Jugendbüro // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

Den Nationale Kanner- a Jugendbüro (ONE) ass eng Verwaltung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. E gouf duerch d'Gesetz vum 16. Dezember 2008 iwwert d'Kandheet an d'Famill gegrënnt.

D'ONE ass e Guichet unique, deen Informatioune gëtt iwwert Hëllefs- an Ënnerstëtzungsmoossname fir Kanner a schwéiere Situatiounen an hir Familljen. D'Kand, de Jugendlech, ee vu senge Familljemember oder e beruffleche Intervenant kënne sech direkt un d'ONE uwennen, fir no Hëllef ze froen.